• Zum Inhalt springen

Renée Weber

D'Autorin an Illustratorin stellt sech fir

Hauptnavigation

  • Home
  • News
  • Biografie
  • Bicher
  • Illustratiounen
  • Kontakt

Bibliothéik

2009 hat d'Renée Weber de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kanner- a Jugendbicher kritt fir säi Buch fir ganz kleng Kanner "Dem klenge Felix seng grouss Rees" (2. Oplo). 2010 war de "Bommel" op der Shortlist vun de 4 beschte Kannerbicher beim Lëtzebuerger Buchpräis nomiméiert a beim Top-5 Liesspill vu Freed um Liesen. Scho mat sengem éischte Buch "D'Ann Spann an de Rolfi Raup" (4. Oplo) hat d'Renée Weber e Risesuccès. Am Dezember 2000 ass dat zweet faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber erauskomm: "Alles wéinst dem Willi Wull" (3. Oplo). Wann d'Buch "D'Ann Spann an de Rolfi Raup" Iech gefalen huet, wäert Dir och vun dësem Buch begeeschtert sinn.

Zënter Dezember 2005 kënnt Der och dat flott faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber kréien: "Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien" (2. Oplo). Dëst Buch ass och op Däitsch "Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen" (2. Auflage) an op Franséisch ze kréien "Mouhna Lisa ou le rêve de voler" (2e édition). Déi lëtzebuergesch an déi däitsch Versioun gëtt et och als animéiert eBook fir den Apple iPad.
2007 ass "Wou ass de Sam?" erauskomm, e spannend Kannerbuch, wat vun Ierpeldenger Schoulkanner illustréiert gouf. 2013 ass en neit Kannerbuch erschéngen: "De Bopi Néckel fiert an d'Vakanz".

2016 krut d'Renée Weber du säin 2. Lëtzebuerger Buchpräis fir d'Buch "Eng Maus am Haus", dat d'Renée zesumme mat der Heischter Kannerstuff gemaach hutt.
A säit Ufank 2018 ass "Den Hu an dat klengt Gespenst" an de Librairien ze kréien!

Den Hu an dat klengt GespenstNeit Kannerbuch!

Den Hu an dat klengt Gespenst

Vum Renée Weber

Eng Maus am HausBicherpräis 2016

Eng Maus am Haus

Vum Renée Weber

De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz

De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz

Vum Renée Weber

Bommel

Bommel

Vum Renée Weber

Dem klenge Felix seng grouss ReesBuchpräis 2009

Dem klenge Felix seng grouss Rees

Vum Renée Weber

Wou ass de Sam?

Wou ass de Sam?

Vum Renée Weber

Muhna Lisa

Muhna Lisa

Vum Renée Weber

Alles wéinst dem Willi Wull

Alles wéinst dem Willi Wull

Vum Renée Weber

D’Ann Spann an de Rolfi Raup

D’Ann Spann an de Rolfi Raup

Vum Renée Weber

© 2018 · Renée Weber