- Verlag: Op der Lay
- Ausgabe: 2. Oplo
- Erhältlich in: Haard Deckelen
- ISBN: 978-2-87967-166-6
- Veröffentlicht: 2010
An am schéinste Schnéiwanter 2010 kuckt och schonn de Bommel, e ganz léiwe Kueder, aus dem Schnéikoup eraus. Wéi en do drënner geroden ass, verrode mir hei net. Mä och am Fréijoer erliewt de Bommel ganz intressant Erliewnisser, well beim Weier léiert en e Fësch kennen, an dien erzielt him weider wonnerbar Geschichten. Ob déi all sou ënner Waasser passéiert sinn, dat wäerten d’Kanner da wuel selwer erausfanne kënnen. A mat 80 Säite si vill flott Geschichten dran, ob se virgelies ginn oder ob d’Kanner se selwer liesen, spillt wuel déi mannste Roll. Si wäerten d’Kanner erëm all begeeschteren.
Auszoch aus Bommel:
Deemols war de Bommel ongeféier zwee Joer al. Wéi hie moies zur Fënster rausgekuckt huet, war alles iergendwéi anescht dobaussen. Et hat an der Nuecht ugefaange mat schneien, a wéi et hell gouf, huet et ausgesinn, wéi wann ee Pudderzocker iwwert déi ganz Landschaft gestreet hätt, d’Faarwe ware verschwonnen, et war eng Welt am Schwaarzwäissen.
„BRRRR, dat gi rëm kal Patten“, huet de Bommel gegrommelt a sech schonns am Viraus geschuddert. Hien hat de Schnéi guer net gär an en huet sech rëm erënnert, wéi en nach eng kleng Kaz war a fir d’éischt a sengem Liewe Schnéi gesinn hat.
Deemols war e voller Begeeschterung zur Dier erausgerannt, an deen déckste Koup gesprongen a flatschteg dra verschwonnen, et huet een en net méi gesinn. Do war just een décke Koup Schnéi, aus deem e ganz aarmséilegt Gewéimers rauskoum.
Wéi e sech endlech rëm rausgewullt hat, war säi ganze Pelz voll dees kalen, naassen, ellene Schnéi. Hien huet sech d’éischt mol éierbar gerëselt, dunn ass e séier an d’Haus ragelaf an huet sech dee ganzen Dag net méi virun d’Dier getraut.
„BRRRRR“, sot de Bommel nach eemol ganz a Gedanken. „’t ass besser, ech ginn haut guer net virun d’Dier, ech maache mer et op der Fotell gemittlech a loossen de Schnéi Schnéi sinn.“
Mee just wéi e sech ëmgedréint hat, fir wéi all Moien d’éischt mol säi Kontrolltuer duerch d’Haus ze maachen, do héiert en e Geräisch, dat wéi e Blëtz an e fiert: d’Gepiips vu Villercher. Déi fanne bei deem ville Schnéi näischt ze frupsen
a stiermen dofir d’Villerchershäische virun der Fënster am Gaard. Dat ass en onheemlechen Zodi, e Gefladders a Gepiips, ee wëllt deen anere verdreiwen, fir als éischten un d’Kären ze kommen. De Bommel ass wéi hypnotiséiert, a wéi op Kommando fänkt säi Mo un ze grommelen.