• Skip to main content

Renée Weber

D'Autorin an Illustratorin stellt sech fir

  • Home
  • News
  • Biografie
  • Bicher
  • Illustratiounen
  • Kontakt
Neit Kannerbuch!

Den Hu an dat klengt Gespenst

Et ass däischter ginn am Bësch an domat ass den Hu, en Uhu, lo mol grad er­wächt a mécht sech mat sengem Gejäiz bei aneren Déier, déi nuets schlofe wëllen, awer guer keng Frënn. Dofir flitt hien en Tour bei dat aalt Schlass, wou hien e klengt Gespenst begéint, wat sech bei enger aler Ritterrüstung just langweilt. Dofir wëllt et mam Hu zesummen an d’Nuecht fléien, an dat klengt Gespenst huet sou villes an der Welt nach ni gesinn a scho guer net vun uewen.

Méi iwwert d'Buch

Neit Kannerbuch!

Den Hu an dat klengt Gespenst

Buch kucken

Bicherpräis 2016

Eng Maus am Haus

Buch kucken

De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz

Buch kucken

Bommel

Buch kucken

D’Muhna Lisa als interaktivt eBook

D'Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien gëtt et och als interaktiivt Kannerbuch am iBook Store fir Apple iPad, iPhone a Mac! Dem Renée Weber seng wonnerschéin Illustratiounen ginn an dësem eBook … Méi liesen Infos zum Plugin D’Muhna Lisa als interaktivt eBook

Frot d’Renée fir eng Liesung

Wann Dir interesséiert sidd da schreiwt dem Renée eng E-Mail oder rufft him un.

Eng Liesung dauert ongeféier 45 Minutten a setzt sech zesummen aus engem Deel liesen,
Diskussioun mat den Nolauschterer z.B. iwwer Bichermaachen, Illustratiounen kucken an driwwer schwätzen.

Mei iwwert d’Renée Weber

Biografie

Renée Weber Ech sinn 1960 zu Wolz gebuer a war och do an der Schoul. Duerno war ech an der Stad an der École des Arts et Métiers. Fir Bicher hunn ech mech nach ëmmer intresséiert a wéi dunn de … D'Biografie liesen Infos zum Plugin Biografie

© 2023 · Renée Weber