Renée Weber
Ech sinn 1960 zu Wolz gebuer a war och do an der Schoul. Duerno war ech an der Stad an der École des Arts et Métiers.
Fir Bicher hunn ech mech nach ëmmer intresséiert a wéi dunn de Verlag Op der Lay gegrënnt gouf, hunn ech de Layout vun de Buchdeckele gemaach.
Dat éischt Kannerbuch, wat vu mir illustréiert gouf, war 1990 „Sage nicht immer Mama zu meiner Mama“ vum Fernand Muller-Hornick.
Duerno vum Guy Rewenig „Muschkilusch”, ”Schallümmo” an en Deel vun „Zebra Tscherri”.
Fir d’Danielle Frières hunn ech „Kuul Lisi“ illustréiert.
Ech hunn dunn ugefaang, meng eege Geschichten ze schreiwen an ze illustréieren.

A vu mir sinn dës Bicher erauskomm:
- 1996: „D’ Ann Spann an de Rolfi Raup“
- 2000: „Alles wéinst dem Willi Wull“
- 2005: „Muhna Lisa oder den Dram vum Fléien“
- 2007: „Wou ass de Sam“ zesummen mat den 3 Schouljoeren vun Ierpeldeng
- 2009: „Dem klenge Felix seng grouss Rees“ fir dat ech och 2009 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt hun.
- 2010: „Bommel“
- 2013: „De Bopi Néckel fiert an d’ Vakanz“
- 2015: „Eng Maus am Haus“, zesumme mat der Heischter Kannerstuff, fir dat mir 2016 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt hun.
- 2017: „Den Hu an dat klengt Gespenst“
- 2022: „Dem Louis seng Nues“