Renée Weber
Ech sinn 1960 zu Wolz gebuer a war och do an der Schoul. Duerno war ech dunn an der Stad an der École des Arts et Métiers.
Fir Bicher hun ech mech nach ëmmer intresséiert a wéi dunn de Verlag Op der Lay gegrënnt gouf hun ech de Layout vun de Buchdeckelen gemeet.
Dat éischt Kannerbuch wat vu mir illustréiert gouf war 1990 „ Sage nicht immer Mamma zu meiner Mamma“ vum Fernand Müller Hornick.
Duerno vum Guy Rewenig, Muschkilusch, Schallümmo an en Deel vun Zebra Tscherri.
Fir d’ Danielle Frières hun ech Kuul Lisi illustréiert.Ech hun dunn ugefang meng egen Geschichten ze schreiwen an ze illustréieren.

- 1996 ass D’ Ann Spann an de Rolfi Raup erauskomm
- 2000: Alles wéinst dem Willi Wull
- 2005: Muhna Lisa oder den Dram vum Fléien
- 2007: Wou ass de Sam zesummen mat den 3 Schouljoeren vun Ierpeldeng
- 2009: Dem klenge Felix seng grouss Rees fir dat ech och 2009 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt hun.
- 2010: Bommel
- 2013: De Bopi Néckel fiert an d’ Vakanz
- 2015: Eng Maus am Haus, zesumme mat der Heischter Kannerstuff, fir dat mir 2016 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt hun.
- 2017: Den Hu an dat klengt Gespenst
- 2022: Dem Louis seng Nues