- Verlag: Op der Lay
- Ausgabe: 3. Oplo
- Erhältlich in: Hardcover
- ISBN: 978-2-87967-084-3
- Veröffentlicht: 2000
De Willi Wull ass ganz frou, well dat Buch iwwert hien esou e groussen Erfolleg huet an elo zënter Mee 2005 an der 2. Oplo virläit. Dir kennt de Willi Wull nach net? Da liest séier weider…Elo ass en do: De Willi Wull, e Maulef, huet d’Nues erausgestreckt a kuckt sech an engem Gaart no beim Stauséi ëm. An do gesäit e jo net d’Susi, eng kleng Kanéngchen, déi an engem Käfeg agespaart ass. Well hie gläich an déi léif Kanéngche verknallt ass, mécht hien elo alles, fir d’Susi aus deem Gefängnis erauszekréien. Dat geet natierlech net, ouni dass d’Mënschen dat gesinn. A si kommen sech es net zou, datt do op eemol riseg Hiwwelen entstinn an drënner Risentunnellen. Wat muss do e Monster liewen! A sou kënnt alles ugerannt: vun den Noperen iwwert d’Televisioun bis zum Saurierforscher, an alles wéinst dem Willi Wull! Eng léiw, mä och spannend Geschicht iwwert dee schlauen a staarke Maulef, mä wéi se ausgeet, verrode mer awer net!
Auszoch aus Alles wéinst dem Willi Wull:
Beim Willi ënnert dem Buedem war just ee groussen Duercherneen, et war eppes wéi ee Labyrinth, mat nénganongzeg Kräizongen, honnertfënnefasiechzeg Kéieren a sechsasiwenzeg Ausgäng. Kee Mënsch hätt sech doranner rëmfonnt a scho guer kee Maulef, deen och nach hallef blann war.
Deen aarme Willi ass gewéinlech all Owes op d’mannst eng hallef Stonn duerch seng Gäng geflitzt, fir seng Schlofhiel rëmzefannen. Wann e Chance hat, huet en se no vill Gerenns endlech rëmfonnt, wann net, huet en sech mussen eng nei buddelen. Hien huet méi wéi eemol geduecht: „Hätt ech dach deemols, wéi meng Mamm eis dat explizéiert huet, besser opgepasst.“
Mä wann et schonns ënnert dem Buedem chaotesch ausgesinn huet, iwwert dem Buedem war et eng richteg Katastrof. Dat, wat eemol eng wonnerschéi Wiss war, dem Mann aus dem Haus säi ganze Stolz, war total ruinéiert. Een Hiwwel un deem aneren, sou wäit ee kucke konnt. Keen hätt geduecht, datt un där Biergerlandschaft do nëmmen een eenzege Maulef geschafft hat. Et hätt ee gesot, do wären op d’mannst eng Dose Maulefe beieneen amgaang e Concours ze maachen, wien déi meeschte Kéip kéinnt optiermen.