- Verlag: Op der Lay
- Ausgabe: 4. Oplo
- Erhältlich in: Hardcover
- ISBN: 978-2-87967-032-4
- Veröffentlicht: 1999
Mëttlerweil ass dëst Kannerbuch schonn zënter Joeren e Bestseller, an elo ass et an der véierter Oplo. An dëst Buch gëtt bei de Kanner ëmmer nach méi beléiwt. Fir Elteren, déi hire Kanner tëschent 4 an 10 Joer eng Geschicht mat flotte Biller wëlle virliesen, ass d’Ann Spann mat Sécherheet e gudden Tip. Fir dës Neioplo sinn d’Biller nach eemol ganz nei nom leschten technesche Standard opgeholl ginn, sou dass d’Faarwen nach besser erauskommen. Soss hu mer näischt brauchen ze änneren, well déi flott Illustratiounen an de spannenden Text schonn dofir suergen, datt dëst Buch sou dacks gelies gëtt.
Beaflosst vu sengen eegene Kanner Eric a Patrick huet d’Renée Weber déi léiw Geschicht vum Ann Spann an dem Rolfi Raup erfonnt, déi fir éischter méi kleng Kanner geduecht ass. Natierlech huet hatt se och selwer faarweg illustréiert.
Auszoch aus D’Ann Spann an de Rolfi Raup:
«Bass de erëm amgaang ze dreemen, Ann?», huet seng Mamm gefrot. «Aus dir gëtt ni eng richteg Spann.»
«Eng richteg Spann, wat ass dat iwwerhaapt?», denkt d’Ann. «Sinn dat nëmmen déi, déi ëmmer an éiweg déi selwecht fad Netzer bauen? A wann een da mol en Netz a Form vun enger Wollek oder enger Blumm baut, ass een da keng richteg Spann?»
D’Ann wollt seng Mamm dat mol froen, mee déi war scho rëm amgaang, un hirem Netz ze fréckelen.
D’Ann hat dees fir haut genuch. Hatt verdréckt sech séier ganz no uewen an déi iewescht Blieder vum Bam.
Da baut et sech eng fantastesch Hängematt. Well et ass net sou, datt d’Ann iwwerhaapt näischt kann, hatt wëllt just dat net maachen, wat em glat a guer näischt seet.
A senger Hängematt läit d’Ann am allerléifsten. De Wand schaukelt et duuss hin an hier, wann et de grénge Bliederplafong kuckt, deen iwwert him hänkt.
Hatt mécht d’Aen zou a lauschtert just nach dem Dausche vun der Loft a vun de Blieder no.
«Dat ass jo bal, wéi wann de Wand mer géif e Schloflidd sangen», denkt d’Ann nach, an dann ass et och schonn ageschlof.