- Verlag: Op der Lay
- Ausgabe: 2. Oplo
- Erhältlich in: Hardcover an eBook
- ISBN: 978-2-87967-123-9
- Veröffentlicht: 2005
oder: Den Dram vum Fléien
Sou wéi mir all eis Dreem hunn, hunn och d’Kéi hir Dreem, wat se mol eemol wierklech gäre géife maachen, amplaz all Dag an der Wiss ze sinn, wou einfach näischt passéiert. An eng Kou, d’Muhna Lisa, dreemt dovunner, fir eemol fléien ze kënnen. Dat schéngt en Dram ze bleiwen, mä enges Daags hunn e puer Leit wëlles vu grad deer Wiss mam Ballon ze starten. An do gesäit d’Muhna Lisa seng grouss Chance…
Mä wat wierklech alles do passéiert, wëlle mer op dëser Plaz natierlech net verroden. Dat sollen d’Kanner jo besser selwer am Buch gesinn. Just datt et zimlech spannend gëtt, wëlle mer dach nach verroden!
Iwwregens gëtt et dat Buch och op Däitsch Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen an op Franséisch Mouhna Lisa ou le rêve de voler.
Dëst Buch ass och 2013 als interaktiivt Kannerbuch op lëtzebuergesch an däitsch fir d’Apple iBooks-App erauskomm.
Vill flott Animatiounen an Saachen fir ze entdecken, maachen d’Muhna Lisa um iPad zum Erliefnis fir kleng (a grouss). D’Muhna Lisa am iBook Store
Auszoch aus Muhna Lisa:
Et war e waarme Summerdag an d’Muhna Lisa soutz wéi all Dag mat hire Frëndinnen op der Wiss.
D’Muhna Lisa sot: «Et ass awer sou langweileg hei. Ech wënsche mer, et géif endlech mol eppes Opreegendes passéieren! Ausser datt hei an do en Apel vum Bam fält, geschitt näischt. Ass dat dat ganzt Liewen? Frupsen an erëmknaen?»