Bibliothéik
2009 hat d'Renée Weber de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kanner- a Jugendbicher kritt fir säi Buch fir ganz kleng Kanner "Dem klenge Felix seng grouss Rees" (2. Oplo). 2010 war de "Bommel" op der Shortlist vun de 4 beschte Kannerbicher beim Lëtzebuerger Buchpräis nomiméiert a beim Top-5 Liesspill vu Freed um Liesen. Scho mat sengem éischte Buch "D'Ann Spann an de Rolfi Raup" (4. Oplo) hat d'Renée Weber e Risesuccès. Am Dezember 2000 ass dat zweet faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber erauskomm: "Alles wéinst dem Willi Wull" (3. Oplo). Wann d'Buch "D'Ann Spann an de Rolfi Raup" Iech gefalen huet, wäert Dir och vun dësem Buch begeeschtert sinn.
Zënter Dezember 2005 kënnt Der och dat flott faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber kréien: "Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien" (2. Oplo). Dëst Buch ass och op Däitsch "Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen" (2. Auflage) an op Franséisch ze kréien "Mouhna Lisa ou le rêve de voler" (2e édition). Déi lëtzebuergesch an déi däitsch Versioun gëtt et och als animéiert eBook fir den Apple iPad.
2007 ass "Wou ass de Sam?" erauskomm, e spannend Kannerbuch, wat vun Ierpeldenger Schoulkanner illustréiert gouf. 2013 ass en neit Kannerbuch erschéngen: "De Bopi Néckel fiert an d'Vakanz".
2016 krut d'Renée Weber du säin 2. Lëtzebuerger Buchpräis fir d'Buch "Eng Maus am Haus", dat d'Renée zesumme mat der Heischter Kannerstuff gemaach hutt.
Ufank 2018 ass "Den Hu an dat klengt Gespenst" erauskomm a säit 2022 ass elo dat ganz neit Kannerbuch "Dem Louis seng Nues" an de Librairien ze kréien.