- Verlag: Op der Lay
- Ausgabe: 1. Oplo
- ISBN: 978-2-87967-153-6
- Veröffentlicht: 2007
Op Aluedung vum Léierpersonal aus der Ierpeldenger Schoul huet d’Renée Weber, wat mat senge Bicher D’Ann Spann an de Rolfi Raup (4. Oplo), Alles wéinst dem Willi Wull (3. Oplo), Muhna Lisa (2. Oplo), Dem klenge Felix seng grouss Rees (2. Oplo) a Bommel eng immens grouss Erfarung bei den Texter wéi och bei den Illustratioune sammele konnt, mat den Ierpeldenger Schoulkanner e Workshop gemaach. Wat dobäi erauskoum, léisst sech awer ouni weideres weisen, a sou huet d’Editioun Op der Lay geduecht, datt dat och derwäert ass, fir et als Buch erauszebréngen.D’Renée Weber huet d’Kanner gefrot, wéi se sech hir Geschicht virstelle géifen a sou huet hatt se dann ausgeschafft an opgeschriwwen.
D’Kanner hunn dunn awer déi fäerdeg Geschicht illustréiert a fir dëst Buch goufen da verschiddener ausgewielt.
Et ass eng richteg spannend Geschicht dobäi erauskomm, wou de Sam, dat ass dem Tina säi Päerd verschwonnen ass – an zwar ass de Sam entfouert ginn. Méi verrode mer awer elo hei net. Kuckt Iech mol selwer un, wéi flott déi Zesummenaarbecht verlaf ass.