• Zum Inhalt springen

Renée Weber

D'Autorin an Illustratorin stellt sech fir

  • Home
  • News
  • Biografie
  • Bicher
  • Illustratiounen
  • Kontakt
Aktuelle Seite: Start / Bibliothek / Den Hu an dat klengt Gespenst

Den Hu an dat klengt Gespenst

Von Renée Weber

Den Hu an dat klengt Gespenst
Neit Kannerbuch!
17,90 €
  • Verlag: Op der Lay
  • Herausgeber: Robert Gollo Steffen
  • Ausgabe: 1. Editioun
  • Erhältlich in: Hardcover
  • ISBN: 978-2-87967-229-8
  • Veröffentlicht: 2018
D'Buch beim Verlag Op der Lay bestellen

Et ass däischter ginn am Bësch an domat ass den Hu, en Uhu, lo mol grad er­wächt a mécht sech mat sengem Gejäiz bei aneren Déier, déi nuets schlofe wëllen, awer guer keng Frënn. Dofir flitt hien en Tour bei dat aalt Schlass, wou hien e klengt Gespenst begéint, wat sech bei enger aler Ritterrüstung just langweilt.
Dofir wëllt et mam Hu zesummen an d’Nuecht fléien, an dat klengt Gespenst huet sou villes an der Welt nach ni gesinn a scho guer net vun uewen.
Mä wat dat klengt Gespenst besonnesch kann, weist et méi spéit, wéi et awer ganz opreegend gëtt. Méi wëlle mer awer elo net verroden!

D’Renée Weber schreiwt net nëmme Geschichte fir Kanner, mä et illustréiert se och selwer a seng Kannerbicher kennen zu Lëtzebuerg e grousse Succès: d’Ann Spann, de Willi Wull, d’Muhna Lisa, de Bom­mel, de Bopi Néckel, de Klenge Felix (Lëtzebuer­ger Buchpräis 2009) an Eng Maus am Haus (Lëtzebuer­ger Buchpräis 2016).

Den „Hu an dat klengt Gespenst“ an der Press:

„Den Hu an dat klengt Gespenst“ ass en immens léift Kannerbuch iwwer eng ongläich Frëndschaft, an där déi zwee, normalerweis eenzelgängeresch Nuechtwiesen, eng Eil an e Gespenst, trotz hiren äusserlechen Ënnerscheeder iwwer Matgefill, Empathie a géigesäiteg Toleranz zouenee fannen. Dass dobäi dat bis ewell komplett isoléiert Gespenst seng ganz eenzegaarteg Fähegkeet (endlech emol) ënner Beweis stelle kann, huet dobäi sécherlech och nach duerchaus e ganz besonnesche pädagogesche Wäert.

Jeff BADEN, Luxemburger Wort vum 20./21.Januar 2018

E klengen Androck vum Buch:


ReiheKannerbicher Verwendete Schlagwörter: 2018, Illustratiounen, Kannerbuch

© 2025 · Renée Weber