• Zum Inhalt springen

Renée Weber

D'Autorin an Illustratorin stellt sech fir

  • Home
  • News
  • Biografie
  • Bicher
  • Illustratiounen
  • Kontakt
Aktuelle Seite: Start / Bibliothek / Dem Louis seng Nues

Dem Louis seng Nues

Von Renée Weber

Dem Louis seng Nues
Neit Kannerbuch
18,90- €
  • Verlag: Op der Lay
  • Herausgeber: Doris Bintner & Eric Steffen
  • Ausgabe: 1. Oplo 2022
  • Erhältlich in: Hardcover
  • ISBN: 978-2-87967-260-1
  • Veröffentlicht: 2023
Am Webshop vun Op der Lay kaafenBei Librairies Ernster kaafen

D’Renée Weber weist a sengem Kanner­buch „Dem Louis seng Nues“, datt alles, och dat, wat fir eis ganz schéin ass, ganz ephemer a vergänglech ass an och iergendwann säin Enn fënnt.
Dofir ass de Schnéi, oder hei natierlech de Schnéimann, ideal, well en natierlech just zäit­lech begrenzt fir d’Kanner do ass an ee sech och dorop astelle muss, datt déi Freed mam Schnéimann eemol eriwwer wäert sinn.

Extrait:

D’Lou huet moies d’Riddo vun der Fënster opgezunn an deen éischte Moment näischt méi gesinn. Alles war wäiss dobaussen. Wéi hatt méi genee gekuckt huet, huet et gesinn, datt dat Wäisst Millioune vu Schnéiflacke waren, déi d’Landschaft virun der Fënster an eng wäiss Märchewelt verwandelt hunn.
„Endlech Schnéi!“, huet d’Lou geruff a vu Freed an d’Hänn geklappt. Dee ganze Wanter hat hatt op Schnéi gewaart, mee et war ëmmer gro a reenereg dobausse gewiescht.
Séier wéi de Blëtz huet hatt sech ugedoen an ass d’Trapen erofgelaf. Bei der Hausdier stoung d’Lilly, dem Lou säi klengen Hond, schonn op hatt ze waarden.
„Lilly, et schneit“, huet d’Lou geruff.


ReiheKannerbicher Verwendete Schlagwörter: 2022, Illustratiounen, Louis, Schnéi, Wanter

© 2025 · Renée Weber