• Zum Inhalt springen

Renée Weber

D'Autorin an Illustratorin stellt sech fir

  • Home
  • News
  • Biografie
  • Bicher
  • Illustratiounen
  • Kontakt
Aktuelle Seite: Start / Bibliothek / De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz

De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz

Von Renée Weber

De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz
15,90 €uro
  • Verlag: Op der Lay
  • Ausgabe: 1. Oplo
  • Erhältlich in: Haard Deckelen
  • ISBN: 978-2-87967-195-6
  • Veröffentlicht: 2013
Bei Op der Lay bestellen

De Bopi Néckel fiert mat sengen 10 Kanéngercher an Holland op de Camping. Ma dat ka jo flott ginn. A genee dat gëtt et. Well um Camping trëtt och den Zauberer Sputnik op, mä virun allem verschwënnt ee Kanéngchen nom aneren, awer wouhin?

Auszoch aus De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz:

Deen anere Mueren ass schonns ganz fréi Luucht am Bopi Néckel sengem Haus. De Rescht muss nach agepaakt an da muss alles am Au­to verstaut ginn. Mä dat ass nach laang net sou einfach. De Bopi Néckel huet een zimlech klengen Auto, mä e ganze Koup Saache fir mat­zehuelen. Hie ka maachen, wat e wëll, et geet einfach net alles dran. De Bopi schweesst an ass scho ganz verzweiwelt.
«Wat soll ech da maachen? Ech brauch dat awer alles», wéimert hien. «Ech kann dach net de Fatzerten hier Muerten heiloossen.»
«Néckel, a wat ass da bei dir sou fréi scho lass, kanns du net méi schlofen?» Dat ass den Noper Jos, dee wéi ëmmer moies en Tour mat sen­gem Hond Norbert mécht.
«Oh Jos, du kënns grad zur richteger Zäit», seet de Bopi Néckel an en erkläert dem Jos säi Problem.
«Ma do kann ech der hëllefen», seet de Jos dunn, «ech léinen der ein­fach mäi Gepäckdréier fir op den Daach, da méchs de de Rescht do drop.»
De Bopi Neckel ass iwwerglécklech, well mat dem Noper Jos senger Hëllef geet alles duebel esou séier. Et dauert net laang an alles ass verstaut.
«Sou», seet de Bopi Neckel, «da feelen elo just nach meng kleng Nén­gien an da kann et lassgoen.»
«Wat?», rifft den Noper Jos, «du hëls dach net déi ganz Band Ka­nén­ger­cher mat an d’Vakanz, geet et dann nach?»
«Ma sécher huelen ech si mat. Soll ech se vläicht ganz eleng hei­heem loossen?», reegt de Bopi Néckel sech op. «Si gi mat, an domad­der Basta.»
«Ma dat ka mer jo flott ginn», rëselt den Noper Jos de Kapp. (Den Hond Norbert rëselt och de Kapp.)
Dem Bopi Néckel ass dem Jos seng Meenung sou laang wéi breed, hien ass schonn amgaang, seng Kanéngercher am Auto ze verstauen.
De Jos denkt nach bei sech: «De Bopi Néckel gëtt mat de Joeren awer och ëmmer méi komesch.» Da wënscht hien dem Bopi a senge Ka­nén­gercher nach eng schéi Vakanz a mécht sech mam Norbert séier fort.


ReiheKannerbicher Verwendete Schlagwörter: Illustratiounen, Kannerbuch, Vakanz

© 2025 · Renée Weber