• Zum Inhalt springen

Renée Weber

D'Autorin an Illustratorin stellt sech fir

  • Home
  • News
  • Biografie
  • Bicher
  • Illustratiounen
  • Kontakt

Renée Weber

Neit Kannerbuch: Dem Louis seng Nues

2023 von Renée Weber

Dem Louis seng Nues, eng nei Geschicht fir Kanner, geschriwwen an illustréiert vum Renée Weber, ass am November 2022 op de Walfer Bicherdeeg vum Verlag Op der Lay virgestallt ginn.

Entdeckt d’Buch elo hei um Internetsite an natierlech och an all gudder Librairie zu Lëtzebuerg!

Kategorie: Neit Buch Stichworte: 2022, Kannerbuch, Louis, Neit Buch, Schnéi

Liesungen 2018

2018 von Renée Weber

Direkt e puer Liesungen sinn bis lo geplangt:

LIESUNG 22. FEBRUAR – KOETSCHETTE

Den 22. Februar liest d’Renée zu Koetschette an der Ecole fondamental

LIESUNG 14. MÄERZ – LIMPERTSBERG

D’Liesung de 14. Mäerz ass um Lampertsbierg an der Ecole fondamentale

LIESUNG 25. ABRËLL – NOMMERN

D’Liesung den 25. Abrëll ass zu Noumer an der Primärschoul

LIESUNG 2. MEE – BROUCH

Den 2. Mee ass d’Liesung zu Brouch bei Miersch an der Primärschoul

LIESUNG 7. MEE – EISCHEN

De 7. Mee ass d’Liesung zu Eischen an der Schoul

LIESUNG 30. MEE – DIDDELÉNG

Den 30. Mee ass d’Renée zu Diddeléng an der Bibliothéik.

LIESUNG 8. JUNI – SËLL

Zu Sëll ass d’Liesung den 8. Juni 2018 an der Schoul

Kategorie: Liesungen

D’Muhna Lisa als interaktivt eBook

2018 von Renée Weber

D’Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien gëtt et och als interaktiivt Kannerbuch am iBook Store fir Apple iPad, iPhone a Mac!

Dem Renée Weber seng wonnerschéin Illustratiounen ginn an dësem eBook lieweg, mat léiwen Animatiounen an interaktiven Elementer! Gitt op Entdeckungsrees am Muhna senger Welt an erlieft zesumme mam Muhna en flott Abenteuer. Dir kënnt d’Geschicht selwer liesen oder dir loosst se iech vum Renée Weber virliesen!

Fir 5,49 € kënnt di iech et am iBooks Store kafen.

D’eBook gëtt et och op Däitsch!

Kategorie: eBook Stichworte: Apple, eBook, Muhna Lisa

© 2025 · Renée Weber