Biografie
Renée Weber

Ech sinn 1960 zu Wolz gebuer a war och do an der Schoul. Duerno war ech dunn an der Stad an der École des Arts et Métiers.
Fir Bicher hun ech mech nach ëmmer intresséiert a wéi dunn de Verlag Op Der Lay gegrënnt gouf hun ech de Layout vun de Buchdeckelen gemeet.
Dat éischt Kannerbuch wat vu mir illustréiert gouf war 1990 „ Sage nicht immer Mamma zu meiner Mamma“ vum Fernand Müller Hornick.
Duerno vum Guy Rewenig, Muschkilusch, Schallümmo an en Deel vun Zebra Tscherri.
Fir d’ Danielle Frières hun ech Kuul Lisi illustréiert.
Ech hun dunn ugefang meng egen Geschichten ze schreiwen an ze illustréieren.
1996 ass „ D’ Ann Spann an de Rolfi Raup“ erauskomm
2000 Alles wéinst dem Willi Wull
2005 Muhna Lisa oder den Dram vum Fléien
2007 Wou ass de Sam
zesummen mat den 3 Schouljoeren vun Ierpeldeng
2009 Dem klenge Felix seng grouss Rees
Fir dat ech och 2009 de Lëtzebuerger Buchpräis kritt hun.
2010 Bommel
2013 De Bopi Néckel fiert an d’ Vakanz